Manifest vun den ukraineschen zivilgesellschaftlechen Organisatiounen:

Agenda fir d’Ënnerstëtzung vun der Ukrain am Kader vun den Europawalen 2024

Mam Bléck op d’Europawalen 2024 schléisse mir, ukrainesch zivilgesellschaftlech Organisatiounen an der Europäescher Unioun (EU) eis zesumme, fir dëse Manifest ze presentéieren, deen eis gemeinsam Visioun, eis Wäerter an eis Hoffnungen zum Ausdrock bréngt.

Eis Missioun ass et, sech fir d’Victoire vun der Ukrain anzesetzen, fir en dauerhafte Fridden mat Sécherheetsgarantië fir d’Ukrain, a fir d’Roll vun der Ukrain an der EU - déi mir als wesentlech ugesi, fir Demokratie, Sécherheet, Mënscherechter a Wuelstand um europäesche Kontinent oprecht z’erhalen.

Mir sinn iwwerzeegt, datt d’Ukrain e signifikante Bäitrag leeschte kann zu engem méi staarke, méi inklusiven a friddlechen Europa. Eise Manifest stellt d’Prinzippien a Prioritéite vir, vun deene mir iwwerzeecht sinn, datt se vu Milliounen Individuen an der ganzer EU gedeelt ginn.

En vue vun de bevirstoenden Europawalen 2024 ruffe mir all europäesch politesch Parteien a Gruppen dozou op, hiren Engagement an hir Ënnerstëtzung fir de Wee vun der Ukrain zu dauerhaftem Fridden, ekomomescher Erhuelung an Opbau, zu Demokratie a Gerechtegkeet däitlech ze maachen. Déi folgend Schlësselberäicher sollten dobäi prioritär sinn

I. Der Ukrain hir europäesch Hoffnung: Ënnerstëtzt de Bäitrëtt vun der Ukraine an d’EU

Mir gleewen, datt der Ukrain hirt Schicksal ontrennbar mat der EU verbonnen ass. Mir gesinn eng Zukunft, wou d’Ukrain vollstänneg an déi europäesch Famill integréiert ass an hire Bäitrag leescht zu de gemeinsame Wäerter vun Demokratie, Fräiheet a Mënscherechter, an och zur Entwécklung vun der EU-Wirtschaft. Dowéinst appelléiere mir un all europäesch politesch Parteien, de Bäitrëttswonsch vun der Ukrain an hire Programmer unz’erkennen an déi europäesch Integratioun vun der Ukrain z’ënnerstëtzen.

II. Demokratie a Rechtsstaatlechkeet: Erhaalt des Prinzippien an der Bannen- a Baussepolitik vun der EU oprecht an ënnerstëtzt demokratesch Reformen an der Ukrain

Mir sinn der Meenung, datt Demokratie a Rechtsstaatlechkeet déi haaptsächlech Viraussetzunge fir Fridden a Wuelstand an Europa sinn. Leider ginn des fundamental Prinzippien net nëmme vu Russland, mee vu verschiddenen autoritäre Regimer op der ganzer Welt a Fro gestallt. Europäesch Parteie sollten, op nationalem, europäeschem a globalem Niveau, onmëssverständlech fir hirt Oprechterhalen antrieden.

Mat schwéierem Häerz erliewe mir den onermiddleche Courage an d’Opferbereetschaft vun den ukrainesche Männer, Fraen a Kanner bei der Verdeedegung vun dësen héichgehalenen, demokratesche Prinzippien. Déi couragéiert Mënschen, déi sech ugesiichts vu russeschem Terror a russistescher Ideologie der Rettung vun der Demokratie verschriwwen hunn, sti fir de Kär vun deene Wäerter, op déi et eis ukënnt. D’ukrainesch Verloschter an dësem gerechte Kampf sinn eng däitlech Erënnerung fir déi europäesch politesch Parteien, dréngend Courage a Solidaritéit ze weisen. D’Bedrounge fir d’Demokratie an d’Rechtsstaatlechkeet si keng abstrakt Begrëffer, mee brutal Realitéite fir déi, déi un der Front vun der Schluecht tescht Demokratie an Autokratie stinn.

Ugesiichts vum russeschen Ugrëff op demokratesch Wäerter, déi de Kär vun der EU sinn, mussen europäesch Leaderen alles ënnerhuelen, fir dës Wäerter ze schützen. Dat ass essenziell, fir an Zukunft d’Souveränitéit, d’Sëcherheet an de Wuelstand vun de Bierger vun der EU géint déi däitlechst Bedroung vun der Weltuerdnung a vun der Rechtsstaatlechkeet zanter dem Zweete Weltkrich ze verdeedegen. Mir fuerderen och d’Ënnerstëtzung vun demokratesche Reformen an Transformatiounen an der Ukrain, souwéi d’Stäerkung vun der Zivilgesellschaft, der Transparenz an der Rechenschaftsflicht.

III. Fridden a Secherheet: Suergt weiderhin fir ekonomesch a militäresch Ënnerstëtzung vun der Ukraine a fir zukünfteg Secherheetsgarantieën

Mir ënnerstëtzen de Sustainable Peace Manifesto: Never Again 2.0 vun de Vertrieder vun der ukrainescher Zivilgesellschaft a ruffen all europäesch Parteien dozou op, dëse Manifest an hir Programmer z’integréieren. D’Ukrain bis zu hirer Victoire z’ënnerstëtzen, erfuerdert eng kontinuéierlech militäresch, ekonomesch a politesch Hëllef bis zum Réckzuch vun de russeschen Truppen vun all den occupéierten Territoiren an d’Restauratioun vun de Grenzen vun der Ukrain vun 1991.

D’Ukrain huet net nëmmen e Recht op eng juristesch Verurteelung vun de russesche Verbriechen, mee braucht och kloer Garantië fir en dauerhafte Fridden. De Wee fir dohinner ze kommen schléisst och mat an, dass d’Ukrain Member vun der EU a vun der NATO gëtt. Eng Demilitariséirung an Denukleariséirung vun der Russescher Federatioun si vu gréisster Bedeitung, fir d’Risiken vun engem zukünftegen Ugrëff ze minimiséieren. Dodriwwer eraus, wann Europa onofhängeg vu russeschen Energiequelle gëtt, wäert Russland net nëmmen seng Kapazitéit verléieren, Energie als Waff anzesetzen, mee Europa wäert och méi séier zu grénger Energie iwwergoen. Eng nohalteg Transitioun erfuerdert e komplette Verzicht op russesch Ressourcen, dodrënner besonnesch Seelen Äerden, Flësseggas an all aner.

Déi politesch Responsabel an der EU sollten domat virufueren, ekomomeschen Drock op Russland ze maachen, andeems Sanktioune verschäerft ginn, Schlupflächer verstoppt ginn, Energieimporter net méi stattfannen an déi an der EU agefruere russesch Verméigen dofir benotzt ginn, d’ukrainesch Défense an den Opbau z’ënnerstëtzen.

IV. Gerechtegkeet: Maacht Russland responsabel fir säin Aggressiounskrich

Wéi am Sustainable Peace Manifesto ervirgehuewe gëtt, erfuerdert et simultan Schrëtt a Richtung Gerechtegkeet a Fridden, fir eng durabel international Secherheetsuerdnung z’erreechen. Et ass wichteg, datt Russland komplett responsabel fir de Krich gemaach gëtt an d’Laascht vun der Verantwortung fir de Krich eleng dréit. Déi, déi fir Grausamkeete responsabel sinn, mussen dofir riicht stoen - sief et fir aggressiv Handlungen, Krichsverbriechen, Verbrieche géint d’Mënschlechkeet, Genozid, Zwangsdeportatiounen oder dat Verbreede vun deem Haass, deen zu engem am 21. Joerhonnert eemolege Krich gefouert huet.

Och wann net all Verloscht kompenséiert ka ginn, muss de materielle Schued genee erfaasst ginn. Dat schléisst eng Bewäertung vum Schued un den ukraineschen natierlechen Ekosystemer an, dee vum russeschen Aggressiounskrich verursaacht ginn ass. Mir musse Russland och fir déi immens Verloschter u Mënscheliewen an de verursaachte Chaos zur Verantwortung zéien: Honnertdausende hunn hir Liewe verluer, Millioune vu Mënschen hunn Familljemembere verluer. Dofir mussen entspriechend Kompensatioune definéiert a bezuelt ginn. Ënner anerem sollten europäesch Parteie sech dofir asetzen, russesch Verméigen ze konfiszéieren a fir den Opbau vun der Ukrain ze benotzen. Fir Russland kënnen verantwortlech ze maachen, muss dat Land e signifikante Statusverloscht erliewen. Et sollt vun der Méiglechkeet ausgeschloss ginn, an der internationaler Politik duerch Organisatioune wéi den UN-Sëcherheetsrot Afloss ze hunn. En Aggressor sollt keng Plaz hunn an engem Gremium, dat fir global Friddenssëcherung zoustänneg ass.

V. Ekonomesche Wuelstand an ekonomesch Erhuelung: Ënnerstëtzt Reformen, fir eng staark ukrainesch Wirtschaft nees opzebauen an z’entwéckelen

Eist Zil ass eng floréirend Ukrain an der EU, déi Innovatioun, Entrepreneursgeescht an eng Entwécklung zu enger staarker an nohalteger Wirtschaft fërdert. Mir fuerderen eng Politik, déi wirtschaftsfrëndlech ass, Korruptioun bekämpft an eng gerecht Verdeelung vum Wuelstand garantéiert.

Millioune vun Ukrainer, déi an der EU liewen, stellen en onschätzbart Potential duer, wouvu souwuel d’EU-Länner wéi d’Ukrain an engem Echange vu Wëssen an Erfarung profitéiere kënnen. Dës Tatsach kann och signifikant zu der grousser Aufgab vum Opbau vun der Ukrain bäidroen. Mir setzen eis staark a fir d’Entwécklung vu Programmer, déi eng zirkular Migratioun ënnerstëtzen a fir d’Schafe vu Business- a Fuerschungs-Kollaboratiounen, déi béidsäiteg profitabel ekonomesch Verbindungen tëscht der Ukrain an EU-Memberstaate fërderen.

VI. Ëmweltbewosstsäin: Privilegiéiert Ëmweltschutz an Nohaltegkeetsprinzippie bei der ekonomescher Nokrichs-Rekonstruktioun

Mir verschreiwen eis der Fërderung vun ekonomescher Nohaltegkeet an dem Kampf géint de Klimawandel. Mir setzen eis an fir eng responsabel Ëmweltpolitik an de Wandel zu enger nohalteger Ekonomie, déi d’Limitte vun eisem Planéit respektéiert. Eise Planéit z’erhalen ass eng gemeinsam Obligatioun vun allen Europäer. Mir fuerderen d’EU dozou op, Nokrichsreformen op der Basis vun de Prinzippie vu Klimaneutralitéit, Kreeslafwirtschaft an vum Erhale vun der Biodiversitéit, an Ofstëmmung mat de Prinzippie vum European Green Deal.

De kontinuéierlechen, ekologesche Schued, dee Russland an der Ukrain verursaacht, symboliséiert duerch d’Zerstéirung vum Kakhovka-Staudamm, ënnersträicht den dréngende Besoin fir all EU-Staaten, déi Responsabel fir Ekozid an änlech Ëmweltkatastrofen ze benennen an ze verfollegen. Dowéinst fuerdere mir d’europäesch Parteien dréngend dozou op, den Ekozid als e Verbrieche géint d’Mënschlechkeet an d’europäesch Gesetzgebung opzehuelen.

Grad esou wichteg ass den Ëmgank mat nuklearem Terror an dat Verhënnere vu méiglechen, duerch russesch Aktioune verursaachten Nuklearkatastrofen, wou déi bekannt Präzedenzfäll déi russesch Besetzunge vun den Atomzentrale vun Tchernobyl a vun Zaporizhia sinn.

VII. Europäesch Identitéit a Kultur: Ënnerstëtzt d’Erhalung an d’Promotioun vun der ukrainescher Kultur

Mir schätzen d’Vilfalt vun den europäesche Kulturen a Sproochen. Mir encouragéieren dat Erhale vu kulturellem Ierwen an d’Promotioun vum interkulturellen Dialog. E staarkt Europa steet zu senger räicher Vilfalt vun Identitéiten.

Als Äntwert op déi systematesch Verbrieche vu Russland géint d’ukrainesch Kultur fuerdere mir déi europäesch politesch Parteien dréngend dozou op, sech resolut dogéint ze stellen. Dozou gehéiert, déi muttwëlleg Zerstéirung an den Déifstall vun ukraineschem Kulturierwen ze verurdeelen an als eng erweidert Form vu Krichsverbriechen unz’erkennen.

Westlech Gesellschafte mussen hir Stereotypen iwwer déi russesch Groussartegkeet, déi joerhonnertelaang vun der russescher Propaganda geniert goufen an déi d’imperialistesch Aggressioun an d’kolonialistesch Politik vis-à-vis vun Nopeschlänner ënnerstëtzt hunn, opginn. D’ukrainesch Kultur muss vun der russescher ofgetrennt an als eegestänneg unerkannt ginn, an de Mythos vun de „Bruddervëlker“ muss zerstéiert ginn. D’EU sollt dofir suergen, dass d’ukrainesch Sprooch als eegestänneg an onofhängeg vun der russescher Sprooch verstane gëtt, besonnech andeem se an der diplomatescher a kultureller Kommunikatioun gläichwäerteg benotzt gett.

Europäesch Parteie sollten hir Ënnerstëtzung vum Kulturgutschutz verstäerken, duerch fachlech, finanziell a logistesch Hëllef fir ukrainesch Kulturinstitutiounen an Organisatiounen, déi sech ëm d’Rettung an d’Restauratioun vu wäertvollen Objetën a Konschtwierker, déi zerstéiert oder geklaut goufen, asetzen. Ausserdem kann d’Fërderung vu Partenariater mat europäesche Muséeën a Kulturinstitutiounen eng wichteg Roll spillen, fir geklaut Kulturschätz erëmzefannen an nees hierzeriichten.

Ausserdem ruffe mir zukünfteg europäesch Leaderen dozou op, dat historescht Bewosstsinn ze stäerken an d’Efforten z’ennerstëtzen, op internationalem Plang d’ukrainesch Kultur ze promovéieren, andeems duerch diplomatesch Kanäl, Medien an ëffentlech Diskussiounen déi russesch Verbriechen un der ukrainescher Kultur, vun deemols wéi vun haut, bekannt gemaach ginn. An der Zesummenaarbecht mat internationalen Organisatioune wéi der UNESCO sollte si d’Initiative virubréngen a konkret Aktiounen implementéieren, fir dat ukrainescht Kulturierwen op engem globale Plang z’erhalen.

***

Wärend mir viruginn, vereent an eiser Visioun, invitéiere mir d’europäesch Bierger a Politiker, sech eis unzeschléissen fir e méi staarkt a méi widderstandsfäegt Europa. Zesumme kënne mir e Kontinent bauen, wou Fräiheet, Demokratie a Mënscherechter eppes bedeiten a wou all Natiounen, d’Ukrain mat ageschloss, zu enger besserer Zukunft fir kommend Generatioune bäidroen.

Signatories of the Manifesto:

  1. Marta Barandiy, Founder and President, Promote Ukraine, Belgium
  2. Khrystyna Monastyrska, Coordinator, Unlimited Democracy – Verein zur Förderung der Demokratisierung, Austria
  3. Kseniia Mukhortova, Co-Founder and Editor, UKRCY.News, Cyprus
  4. Svyatoslav Kalishchuk, Co-Founder, Spilka, Czech Republic
  5. Julia Chenusha, CEO Blau-Gelbes Kreuz Deutsch-Ukrainischer Verein e.V., Germany
  6. Hanna Slobodyanyuk, Board Member, IWEK, Mykolaiv Water Hub, Germany
  7. Iryna Shulikina, CEO, Vitsche E. V., Germany
  8. Vassili Goutsoul, Chairman of the Board, Ukrainian Association in Finland, Finland
  9. Anastasiia Shapochkina, President, Eastern Circles, France
  10. Ivanna Pinyak, Co-Founder, PromoUkraїna, France
  11. Iryna Katyuk, President, Spilka Paris, France
  12. Edward Mayor, Co-Founder and President, Stand With Ukraine Europe, France
  13. Lesia Ignatyk-Eriksen, Chairwomen, Association at Ukrainere i Danmark, Denmark
  14. Yuliia Kryzhanovska, Vice President, Ukrainian Women in Greece, Greece
  15. Olena Redrugina, Co-Founder and Board Member, Ukrainian Action in Ireland, Ireland
  16. Maryana Semenyak, Board Member, Associazione Cristiana degli Ucraini in Italia, Italy
  17. Zoia Stankovska, President, UAMi, Italy
  18. Federica Antonacci, ItalianaforUkraine, Italy
  19. Inna Yaremenko, Vice-President, LUkraine, Luxembourg
  20. Oksana Savchuk, Co-Founder, VATAHA Foundation, the Netherlands
  21. Emma Zahynaiko, Coordinator, Euromaidan Warszawa + Stand with Ukraine Foundation Poland
  22. Stanislav Olenchenko, Co-Founder, Ukraine Explainers, Poland/Ukraine
  23. Andrii Vovk, Volunteer, Support Ukraine Slovakia, Slovakia
  24. Liliya Mykolaiv, President, ConUkrania, Spain
  25. Maksym Girnyk, Spokesperson, Nordic Ukraine Forum, Sweden
  26. Frank Peter Wilde, costume designer and human rights activist, Germany
  27. Anna Vdovychenko, coordinator of PR Army Ukraine/Portugal
  28. Georges Dallemagne, Belgian MP, Head of the Belgium-Ukraine Friendship Group
  29. Christelle Savall, President of JEF Europe
  30. Kristina Pitalskaya, President of Promote Georgia, Belgium
  31. Tetiana Hladkova, Socio de Asociación Socio-Cultural y de Cooperación al Desarrollo Ucrania-Euskadi, Pais Vasco, Vitoria-Gastesz, Spain
  32. Ruben Giovannoni, President of Comitato Ventotene, Italy

Should you wish to express your interest to sign the Manifesto, please contact us at advocacy@promoteukraine.org